gaelle-marcel-1.jpg

Communiqué – COVID 19 - Dezember 2020

Léif Dänzer, léif Elteren,

Mir hoffen dir sidd all fit an gesond an desen besonneschen Zeiten.

Wei dir wesst, kennen, bedingt durch déi aktuell Situatioun, leider nach emmer keng „richteg“ Danzcouren gehaalen gin. Mer haaten un sech een gutt Konzept ausgeschafft bei dem den Training ennert dem Respekt fun den Hygieneregelen ewer hätt kennen stattfannen, mee durch daat neit Gesetzt as jo leider rem all Gruppensport bis op weideres verbueden. Eis Trainer hun zum Deel schon, respective sen nach um gang, een Konzept fir déi eenzel Gruppen auszeschaffen fir een „online“ Cour ze erméiglechen deen altersgerecht as. Deen „online“ Cour kann verschidden Modaliteiten hun, ofhängeg vum Alter.

Lo sin d’Cotisatiounen fir dest Joer schon bezuelt. Well mir momentan ewer nach nik wessen wei et dest Danzjoer virun geht, hun mir probeiert eng onkomplizéiert Léisung ze fannen an folgendes festgehal: Zum Schluss fun desem Danzjoer (am Juni 2020) gett gekuckt weivill Couren am Endeffekt wirklich ausgefall sen ( den Onlinecours an d’Viedeo’en mat den Choreo’en zëelen als Cour), an doropshin krett der déi ausgefallen Danzcouren als Remise op d’Cotisatioun fir Danzjoer 2020-2021 gudgeschriwen. Fals der dobei sen déi nächst Joer nik mei danzen kommen, fannen mer och do eng Léisung zesummen.

Mir wollten Ierch och nach eng wichteg Informatioun matdeelen weinst den Cotisationen vum Danzjoer 2019/2020. Fir daat läscht Danzjoer hun mer keen Remboursement gemach, well eis Trainer ganz vill geschafft hun, sief daat an Form vun Trainingsvideoen, dei den Schüler erlabt hun doheem ze prouwen, oder fir d’Opstellung vun enger Choreo an engem flotten Video anplaatz fun der Gala, déi leider nët stattfannn konnt. Si sen dofir och bis zum Schluss fum Danzjoer bezuelt gin, wei wann si normal Cours gehaal hätten. Déi Souen sen also an d’Danzschoul investéiert gin.

Mir hoffen op aert Verständnis an Cooperatioun an desen annormalen Zeiten an hoffen daat 2021 een neien Ufank as an Normaliteit an d’Liewen vun eisen Kanner an Schüler zereck fennt.

Mir wenschen Eech an aer Famille schein Feierdeeg an e gudden Rutsch an daat neit Joer. Mir hoffen Eech an aer Kanner am Januar rem begreissen ze kennen an eisem neien Danzsaal.

Léif Gréiss,

Comité an Traineren vun der Danzschoul Jos Molitor